Gebuer aus dem Wonsch vun zwee Bridder fir eng Immobilienagence ze kreéieren déi op digital, sozial Netzwierker a Video orientéiert ass, gouf HORUS Immobilier am Fréijoer 2020 gebuer.
Eise Logo représentéiert zwee vun eise wichtegste Wäerter. D'Sonnescheif stellt Visibilitéit duer, well eist éischt Zil ass et dat esou vill Leit ewéi méiglech gewuer ginn datt Är Immobilie ze verkafen ass. De Fallek, deen de schnellsten Vull op der Welt ass, stellt d‘Reaktiounsfäegkeet duer, eist zweet Zil, Är Immobilie esou séier wéi méiglech ënner de beschte Konditiounen ze verkafen an dat ouni Keefer ze forcéieren oder ënner Drock ze setzen.
Wat den Numm vun eiser Agence ubelangt, hatte mir zwou Méiglechkeeten, déi d'Unioun tëscht der Sonn an dem Fallek symboliséieren, zwee Gëtter aus Ägypten, de Ra oder den Horus. Mir hunn den Horus virgezunn well seng Geschicht eiser gläicht. Ganz fréi a sengem Liewen ass den Horus dem Doud knapps entkomm, gouf awer spéider ee vun den am Meeschten respektéierte Gëtter an der egyptescher Kultur. Den Ufank vun eise Geschichten ass ähnlech, eis Agence huet duerch d'Pandemie 2020 d'Liicht vun der Welt bal net ze gesi kritt a mir hoffen datt se enges Dags eng vun de renomméiersten zu Lëtzebuerg gëtt.